Op den Inhalt sprangen

Bungeref

Vu Wikipedia
Bungeref
Déi al Bungerëffer Schoul
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Bigonville
de: Bondorf
Land Lëtzebuerg
Kanton Réiden
Gemeng Rammerech
Buergermeeschter Myriam Binck (CSV)
Awunner 594
  1. Januar 2023
FlÀch 1498,2172 ha[1]
Héicht 487 m
Koordinaten 49° 50’ 58’’ N
      05° 47’ 33’’ O

Kaart

Bungeref ass eng Uertschaft an der Gemeng Rammerech.

Bungeref gëtt 1182 fir d'éischt an engem Dokument ernimmt. Bis an d'19. Joerhonnert stoung ee Schlass op der Plaz vun enger fréierer Réimervilla. De leschten Tuerm ass 1830 verschwonnen. Eng Legend dréit ëm e Bruddermuerd: Um Enn vum 12. Jh. hat d'Baronne Anna vu Friedbuerg, dem haitege Buerfelt, do mat hirem Jong a sengem Hallefbrudder gelieft. Aus Jalousie hat de Wolfram sÀi jonke Brudder ëmbruecht, wat e spéider als Eremit an der Wolwener Klaus ofbéisse sollt. D'Wolframsbich op der Wolwener Klaus erënnert un hien, ewéi och d'KrÀiz Buerfiels op der N27.

Bungeref hat och drÀimol Kiermes am Joer, déi kleng Blasi- an Donatikiermessen an déi grouss Kiermes op Quirinusdag.

An der Ardennenoffensiv sinn am Duerf 38 Haiser an e puer Scheieren a SchÀpp verbrannt. D'Brandkatastrophe war sou schlëmm, well d'Haiser unenee gebaut waren. De 24. Dezember 1944 koum et do zu engem Panzerstroossekampf.

Fréier Gemeng Bungeref

[Ànneren | Quelltext Ànneren]

Bis zur Gemengefusioun zur neier Gemeng Rammerech am Joer 1978, war Bungeref eng eegestÀnneg Gemeng, déi aus de Sektioune Bungeref, a Rommeler Haff bestanen huet. D'Uertschaft Flatzbuer gehéiert zur Sektioun Bungeref.

Uertschaften a Lieu-diten an der fréierer Gemeng

[Ànneren | Quelltext Ànneren]

KuckeswÀertes

[Ànneren | Quelltext Ànneren]
  • An der J.K. Rowling hirem Buch Quidditch Through the Ages, dat se Ă«nner dem Pseudonym "Kennilworthy Whisp" geschriwwen huet, an dat mat der Harry Potter-Serie zesummenhĂ€nkt, kĂ«nnt eng vun de Quidditch-Ekippe vu LĂ«tzebuerg ("schonn zanter Ă«mmer eng staark Quidditch-Natioun"), et sinn dat d'Bigonville Bombers.
 Commons: Bungeref – Biller, Videoen an Audiodateien
Bungeref am MĂ€erz 2009
  1. ↑ D'DonnĂ©eĂ«n, dĂ©i d'FlĂ€ch vun enger Gemeng oder enger Uertschaft betreffen, sou wĂ©i s'an dĂ«sem Artikel stinn, entspriechen deenen aus der Datebank vum Kadaster um Stand vum 25. September 2009.
  2. ↑ AusfĂ©ierlech Geschicht vun der BungerĂ«ffer Millen