Op den Inhalt sprangen

E-Bass

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschÀftegt sech mat dem E-Bass. Fir aner Bedeitunge vu "Bass", kuckt wgl. Bass (Homonymie).
E-Bass
Klassifikatioun Chordophon
Zupfinstrumenter
Änlech Instrumenter E-Gittar, Kontrabass
Akustesch Bassgittar
Fender Standard Jazz Bass

En E-Bass, dacks och nëmme Bass genannt, ass e SÀiteninstrument, dat um Prinzip vun enger E-Gittar baséiert a vum Kontrabass ofstaamt.

E Bass huet normalerweis 4 oder 5 SÀiten. Et gëtt awer e puer Ausname mat 3,6 oder souguer 7 SÀiten. De Korpus ass flÀcheméisseg méi grouss wéi dee vun enger E-Gittar, awer net onbedéngt méi déck. Den Hals ass e bëssche méi laang, wat mat sech bréngt datt den Ofstand tëscht de Bënn méi grouss wéi bei enger Gittar ass. Ausserdeem lÀit den Hals e bëssche méi héich, wat den Ofstand tëscht de SÀiten an dem Grëffbriet vergréissert. D'SÀite si proportionell gesinn och méi laang a méi déck wéi bei enger Gittar. Normalerweis variéiert d'Zuel vun de Bënn bei engem Bass tëscht 20 an 24.

Fir déi déif Téin ze generéieren, mussen d'SÀite vun engem Bass ganz déck sinn. D'Tounabnehmer, déi an der Mëtt vum Korpus, ënner de SÀiten, placéiert sinn, huelen, wéi bei enger elektrescher Gittar, d'Schwéngunge vun den ugespillte SÀiten op. Dës ginn dann an elektresch Signaler ëmgewandelt. Dës Signaler sinn als éischt mat DrÀireegeler an duerno mat enger Buchs ënnen um Korpus verbonnen, a fléissen duerch een an dÀr Buchs agestachene Kabel an de Bass-VerstÀerker, deen da schlussendlech de gespillten Toun vu sech gëtt.

Meeschtens ginn d'SÀite vum Bass mat de Fangere ugeschloen, dobÀi entsteet en zimmlech déiwen Toun. Verschidde Bassiste spillen awer léiwer mat engem Plektrum, derbÀikomme méi déi héich Frequenzen eraus. Et gëtt awer och nach aner Spilltechniken, wei d'Slap- a Pop-Technik. HeibÀi ginn d'SÀite mam Daum ugeschloen, respektiv gerass, wat och e ganz aggressiven Toun mat héije Frequenze vu sech gëtt. E bëssche méi seelen ass den Tapping, dee bal nëmme bei Soloe benotzt gëtt.

En E-Bass ass normalerweis an E respektiv a B a Quarte gestëmmt. DobÀi ass déi déck SÀit am déifsten an déi dënn SÀit am héchsten. Fir verschidden Zwecker kënnen d'SÀiten och, parallel oder eenzel, erof gestëmmt ginn. Verschidde bekannte Bassisten hunn hir eege Stëmmung entworf, well et hinnen da méi liicht fÀlt hir Basslinnen ze spillen.

Deen éischten E-Bass war e Fender Precision Bass a gouf an de 50er Jore vum Leo Fender produzéiert. Haut gëtt e vun enger ganzer Rei aneren Hiersteller kopéiert. Et goufen awer och vill aner Modeller konstruéiert, vu Produzente wéi Ibanez, Warwick oder Rickenbacker.

Verwandten Instrumenter

[Ànneren | Quelltext Ànneren]

Den E-Bass staamt vum Kontrabass of a glÀicht ëm och.

Nieft dem "normalen" E-Bass gëtt et och nach aner BÀss, wéi den akustesche Bass, deen net elektronesch, mÀ mat enger Schallkescht verstÀerkt gëtt oder de Fretless-Bass, deen, wéi den Numm et schonn seet, keng Bënn huet. Et gëtt och BÀss, déi speziell fir LenkshÀnner konstruéiert sinn.

 Commons: E-Bass – Biller, Videoen an Audiodateien