Op den Inhalt sprangen

Edouard Fellens

Vu Wikipedia
Edouard Fellens
Gebuer 16. Dezember 1899
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 29. Juni 1976
Esch-Uelzecht
Alter 76 Joer
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Gewerkschaftler, Politiker

Den Edouard Fellens, gebuer de 16. Dezember 1899 zu Esch-Uelzecht, an och do den 29. Juni 1976 gestuerwen, war e lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Lokalpolitiker (LSAP).[1]

Den Edouard Fellens huet als Dréier op Arbed Esch-Belval geschafft.

Tëscht 1945 an 1963 gouf hien allkéiers als éischte Suppleant bei de Gemengewale gewielt, an ass dann e puermol an de Gemengerot nogeréckelt (1947-1949, 1951, 1953-1957, 1962-1963 an 1965-1969).

Hie war och President vun der Escher Sektioun vum Lëtzebuerger Aarbechterverband (LAV).

Hie war mat der Marie Schinker bestuet.[2]

Fir un hien z'erënneren, huet den Escher Gemengerot den 19. September 1977 decidéiert, eng Strooss am Quartier Fettmeth no him ze nennen.[3]

  1. ↑ Quell vum Artikel, wou net anescht uginn: Willy Allamano, GĂ©rard Bernardini: Esch-sur-Alzette et ses rues. Esch an der Alzette und seine Straßen. 'De l'histoire Ă  chaque pas. Geschichte auf jedem Schritt.'. Esch-sur-Alzette, 2013. ISBN 978-2-87964-136-2, S.88-89.
  2. ↑ Avis de dĂ©cĂšs 3 Page 10. In: Luxemburger Wort, 129. Jg., n° 150 (02.07.1976), p. 10 (Digitised by the National Library of Luxembourg).
  3. ↑ L-4118.