Europastrooss

D'Bezeechnung Europastrooss gëllt fir eng Klass vu Stroosse fir Verkéier op groussen Distanzen an Europa an an Zentral- a Klengasien.
D'Stroossennetz vun den Europastroossen Ă«mfaasst ronn 50.000 Kilometer, a si sinn duerch e wĂ€issen âEâ mat enger Nummer hannendrun op grĂ©ngem Fong gezeechent.
A verschiddene LÀnner stinn d'Panneaue vun den Europastroossen nieft deene vun den anere Stroossen, an an anere LÀnner wéi z. B. a Schweden, sinn déi grouss Nationalstroosse fir internationalen Trafic nëmme mat engem Europastroosseschëld gezeechent.
Et gëtt ongeféier 240 Europastroossen.
Rechtlech Basis
[Ànneren | Quelltext Ànneren]No engem éischten Accord vum 16. September 1950 goufen d'Europastroossen ënnert der Féierung vun de Vereenten Natiounen de 15. November 1975 an engem neien Accord[1] definéiert; dësen Accord gouf duerch d'Gesetz vum 18. Juni 1981 zu Lëtzebuerg an nationaalt Recht ëmgesat[2].
Den Accord schreift ë. a. d'Konditioune vir, déi d'Stroossen erfëlle musse fir kënnen als Europastrooss bezeechent ze ginn. Als Beispill kann een nennen:
- den Trajet vun der Europastrooss muss ëmmer iwwer d'Strooss mat der héchster Hierarchie féieren (z. B. Autobunn amplaz vun enger Nationalstrooss);
- wann eng Europastrooss an enger Uertschaft zu Nuisancen oder enger Gefor féiert, da muss dës Uertschaft ëmfuer ginn[3].
Nummeréierung vun den Europastroossen
[Ànneren | Quelltext Ànneren]Vun den 1950er Jore bis ongeféier 1985 bestoung en alen Nummeresystem, bei deem déi wichtegst Europastroossen eng eestelleg Nummer haten - z. B. déi al E5 vu London op Istanbul oder déi al E6 vu Kirkenes iwwer Narvik op Roum - déi aner Stroossen haten eng zweestelleg Nummer.
Verschidde Stroossen a Skandinavie goufe bei der Aféierung vum neien Nummeresystem net ëmnummeréiert an hunn dowéinst haut nach eng eestelleg Nummer, sou z. B. d'E4 a Schweden a Finnland an d'E6 a Schweden an Norwegen.
Hautdesdaags gëlle fir d'Nummeréierung dës Prinzipien:
D'Europastroosse sinn an zwou Kategorien agedeelt:
âKategorie Aâ
[Ànneren | Quelltext Ànneren]Heizou zielen d'Haaptstroossen (oder Referenzstroossen) an d'Tëschestroossen.
- D'Referenzstroossen an Nord-SĂŒd-Richtung sinn zweestelleg nummerĂ©iert, mat enger ongerueder Nummer dĂ©i mat enger â5â ophĂ€lt (d'Nummere gi vu Westen a Richtung Oste mĂ©i grouss); z. B. E05, E45.
- Als Ausnam heizou zielen d'Referenzstroossen an Nord-SĂŒd-Richtung dĂ©i Ă«stlech vun der E99 leien: dĂ«s hunn eng drĂ€istelleg ongerued Nummer tĂ«scht 101 an 129; z. B. E101, E119.
- d'Referenzstroossen, dĂ©i an Ost-West-Richtung lafe sinn zweestelleg nummerĂ©iert, mat enger gerueder Nummer dĂ©i mat enger â0â ophĂ€lt (d'Zuel gĂ«tt vun Norden a Richtung SĂŒde mĂ©i grouss); z. B. E10, E70.
Déi Stroossen, déi tëschent de Referenzstroosse lafen (also d'Tëschestroossen) hunn entweeder eng gerued oder ongerued Nummer, woubÀi dës Nummer tëscht den Nummere vun der jeeweilege Referenzstroosse lÀit.
Beispill: Tëscht der E10 an der E20 lafen d'Europastroossen E12, E14, E16 an E18 an der selwechter Grondrichtung.
âKategorie Bâ
[Ă€nneren | Quelltext Ă€nneren]An der âKategorie Bâ sinn d'SekundĂ€rstroossen, also dĂ©i, dĂ©i vun der Kategorie A ofzweigen, se Ă«mginn oder se verbannen; dĂ«s Stroosse sinn drĂ€istelleg nummerĂ©iert, woubĂ€i dĂ©i, dĂ©i Ă«stlech vun der E101 leien, mat enger â0â ufĂ€nken, also 001 bis 099.
Vun der drÀistelleger Nummer ass:
- dĂ©i Ă©ischt Ziffer d'Ufanksziffer vun dĂ€r Referenzstrooss. dĂ©i mat â0â ophĂ€lt an dĂ©i nĂ«rdlech am nooste vun der Kategorie B-Strooss lĂ€it;
- dĂ©i zweet Ziffer d'Ufanksziffer vun dĂ€r Referenzstrooss. dĂ©i mat â5â ophĂ€lt an dĂ©i westlech am nooste vun der Kategorie B-Strooss lĂ€it;
- déi drëtt Ziffer eng lafend Nummer[4].
Europastroossen zu Lëtzebuerg
[Ànneren | Quelltext Ànneren]
Duerch Lëtzebuerg lafe follgend Europastroossen:
Um Spaweck
[Ă€nneren | Quelltext Ă€nneren]|  Commons: Europastrooss â Biller, Videoen an Audiodateien |
- Plang mat den Europastroossen zu Lëtzebuerg op der WebsÀit vu Ponts & Chaussées
- Basisschema mat den Europastroossen
Referenzen an Notten
[Quelltext Ă€nneren]- â Accord europĂ©en sur les grandes routes de trafic international (AGR) - Versioun vun 2013, op der WebsĂ€it vun der SchwĂ€izer Regierung (fir d'lescht gekuckt de 16. August 2016)
- â Loi du 18 juin 1981 portant approbation de l'Accord europĂ©en sur les grandes routes de trafic international (AGR), en date, Ă GenĂšve, du 15 novembre 1975 op Legilux - den Droitsportal vun der LĂ«tzebuerger Regierung (fir d'lescht gekuckt de 16. August 2016).
- â La dĂ©finition des routes europĂ©ennes am Papier stratĂ©gique âroute2020.luâ du rĂ©seau routier Ă©tatique vu Ponts & ChaussĂ©es (fir d'lescht gekuckt de 16. August 2016)
- â Annex 1 vum AGR (Hei an englescher Versioun)