Op den Inhalt sprangen

GSM-R

Vu Wikipedia
GSM-R-Basisstatioun op der HĂ©ichvitessstreck NĂŒrnberg–Ingolstadt–MĂŒnchen

De GSM-R, Ofkierzung fir Global System for Mobile Communications-Railway, ass e Kommunikatiounssystem fir d'Eisebunn. E baséiert um Funkstandard GSM a gouf fir d'Eisebunnen ugepasst. Et ass en einfache System fir den Austausch vun Informatiounen tëscht dem Buedempersonal an dem Zuchpersonal, sief dat mëndlech oder iwwer Donnéeën.

De GSM-R ass eng vun den zwou Basiskomponente vum ERTMS. Déi aner ass den ETCS.

GSM-R bei der CFL

[Ànneren | Quelltext Ànneren]

De GSM-R soll bei der CFL all analog Eisebunnsfunksystemer ofléisen, nÀmlech den Zuchfunk (A-Kanal), de Rangéierfunk (C-Kanal) an de Maintenancefunk. En Zuch ass an dësem System iwwer eng eege Ruffnummer erreechbar.

Den 30. MÀerz 2016 huet d'CFL d'éistrÀichesch Eisebunnstelekommunikatiounfirma Kapsch CarrierCom mam Opbau vun engem nationale GSM-R baséierte Kommunikatiounsreseau beoptraagt[1]. 271 Eisebunnskilometer sollte sou bis Ufank 2017 mam GSM-R ekipéiert sinn. Deen Delai konnt net agehale ginn, sou datt en elo de 15. August 2018 soll ulafen.[1]

D'SRS Spezifikatioun[2] vum EIRENE-Projet definiéiert e fixe Rufnummereplang fir GSM-R. Definéiert gi Rufnummere-Prefixer.

Prefixer Definitioun vun der Benotzung
1 Uruff op eng Kuerzwiel
2 Funktiounsrufnummer vun engem Zuch
3 Funktiounsrufnummer vun engem ugedriwwene Gefier
4 Rufnummer vun engem Waggon
50 VGCS-Uruff
51 VBS-Uruff
52-55 Reservéiert fir internationale Gebrauch
56-57 Reservéiert fir nationale Gebrauch
58 Reservéiert fir de System (mat VGCS-Signalisatioun)
59 Reservéiert fir de System (mat VBS-Signalisatioun)
6 Membere vu Maintenance- a Rangéiergruppen
7 Zuchbegleeder
8 Mobile Subscriber Rufnummer
9 Breakout-Rufnummer; e Breakout ass en Uruff an en anere GSM-R Réseau
0 Reservéiert fir den Zougang zu ëffentleche Reseauen an zu anere GSM-R Reseauen

Funktiounsruffnummeren

[Ànneren | Quelltext Ànneren]
GSM-R-Mobilfunktelefon

Mat der Ruffnummer 1300 erreecht een de lokalen zoustÀnnege Chef vum Fuerdéngscht.

  • 1 als Kennzuel fir en Uruff op eng Kuerzwiel
  • 300 fir de regional passenden, Ă©ischte Chef vum FuerdĂ©ngscht

Mat der Ruffnummer 21768701 erreecht een de LokfĂŒhrer vun engem Zuch.

  • 2 als Kennzuel fir eng Funktiounsruffnummer an engem Zuch.
  • 17687 ass d'Zuchnummer
  • 01 ass den Ă©ischte LokfĂŒhrer an deem Zuch.

FrequenzbÀnner

[Ànneren | Quelltext Ànneren]

GSM-R funktionéiert mat de GSM-FrequenzbÀnner 900 an 1800 MHz. Si ginn iwwerall op der Welt fir GSM-R benotzt.

  • An Europa sinn d'CEPT-Memberstaaten (alleguer d'LĂ€nner dĂ©i an der EU sinn, souwĂ©i nach Albanien, Andorra, Aserbaidjan, WĂ€issrussland, Bosnien an Herzegowina, Georgien, Island, Liechtenstein, Moldawien, Monaco, Montenegro, Nordmazedonien, Norwegen, Russland, San Marino, Serbien, d'SchwĂ€iz, d'Tierkei, d'Ukrain an de Vatikanstad) an de Projet mat agebonnen.
  • An Europa gĂ«tt op follgende Bandbreeten (900 MHz) gesent:
  • 876–880 MHz fir den Uplink, also fir d'Sende vun Daten[3].
  • 921–925 MHz fir den Downlink, also d'EmpfĂ€nke vun Daten.

Betrib am GSM-Modus

[Ànneren | Quelltext Ànneren]

Fir GSM-R am GSM-Modus/Netz ze benotze musse follgend Funktioune gëllen:

  • D'Ënnerstetzung vun der Funktiounsruffnummere fir Sprooch- an Datenuriff.
  • D'Funktiounsruffnummere musse vum Netz opgelĂ©ist an op den EndgerĂ€ter an Textform duergestallt ginn.
  • D'Uruffzoustellung ofhĂ€ngeg vun der Openthaltsplaz muss mĂ©iglech sinn. Sou kann, ofhĂ€ngeg vun der Openthaltsplaz, mat der selwechter Funktiounsrufnummer den zoustĂ€nnege FuerdĂ©ngschtleeder erreecht ginn.
  • D'ImplementĂ©ierung vun engem eisebunnsspezifeschen Noutruff.
  • D'ImplementĂ©ierung vun den Advanced Speech Call Items ass erfuerderlech.
  • D'ËnnerstĂ«tzung vum DĂ©ngscht VBS (Voice Broadcast Service) ass noutwendeg. DobĂ€i handelt et sech Ă«m en unidirektionellen UruffdĂ©ngscht, bei deem mĂ©i wĂ©i zwee EndgerĂ€ter ugeruff kĂ«nne ginn: Si kĂ«nnen awer nĂ«mmen nolauschteren, a selwer net schwĂ€tzen.
  • D'ËnnerstĂ«tzung vum DĂ©ngscht VGCS (Voice Group Call Service) ass noutwendeg. DobĂ€i handelt et sech Ă«m e bidirektionellen UruffdĂ©ngscht, deen zĂ€itglĂ€ich u ganz Benotzergruppen zougestallt gĂ«tt an an dem all d'Participante schwĂ€tze kĂ«nnen.
  • D'ËnnerstĂ«tzung vu Funktiounsrufnummere fir VBS a VGCS ass noutwendeg. Hei mussen AdressĂ©ierungsmĂ©iglechkeete wĂ©i beispillsweis all d'Zich oder all d'Zuchpersonal Ă«nnerstĂ«tzt ginn.
  1. 1 2 Réseau Ferré Luxembourgeois Document de Référence du Réseau 2018 Version 1.3 3.7 Développement de l'infrastructure
  2. ↑ SRS-Spezifikatioun vum GSM-R ArchivĂ©iert den 13.07.2016. Gekuckt de 17.03.2017.
  3. ↑ Plan d'allottissement et d'attribution des ondes radioĂ©lectriques au Luxembourg RĂ©seaux des chemins de fer (GSM-R)