Milou
| Milou | |
|---|---|
|
| |
| Createur | Hergé |
| Ass en(g) | fiktiven Hond, Comicfigur |
| Geschlecht | mÀnnlechen Organismus |
| Aktivitéit | Séimann, Astronaut |
| Universum | |
| Aus | Dem Tintin seng Geschichten |
| Present am |
Dem Tintin seng Geschichten, Tintin au Congo, Tintin en Amérique |
|
| |

De Milou ass en Hond aus dem Hergé senger Comicserie Dem Tintin seng Geschichten.
Beschreiwung
[Ànneren | Quelltext Ànneren]Ausgesinn
[Ànneren | Quelltext Ànneren]Milou ass e Foxterrier[1] mat engem ongewéinleche wÀisse Pelz a mat enger schwaarzer Stuppsnues.
Perséinlechkeet
[Ànneren | Quelltext Ànneren]Den Terrier ass lieweg, empfindlech, awergleeweg, zynesch. Hien huet, sou wéi sÀi Meeschter an den alleréischte Geschichten, e Faibel fir Alkohol[2] an en huet sou wéi all Mupp Fleesch a Schanke gÀr.
Vun Ufank un ass de Milou den ontrennbare Begleeder vu sengem Meeschter den Tintin a follegt en an all sengen Aventuren. Dës Charakteristik féiert zu drolege Passagen. Zum Beispill am Band Tintin au pays de l'or noir gëtt de Reporter e puermol entfouert. Wéi en dem Chef Bab-El-Ehr virgestallt gëtt, ass de Milou op eemol nieft sengem Meeschter, ouni datt et dofir eng valabel ErklÀrung gëtt.
De Milou huet wéineg Bezéiunge zu anere Mënschen an déi sinn normalerweis komplizéiert. Dacks versichen d'Feinde vum Tintin, hien z'eliminéieren. En huet awer e bessere Rapport mat Kanner. Seng Relatioun zu aneren Déiere si glÀichermoosse schwiereg: En huet eng Phobie vu Spannen an en hat am Ufank d'Siamkaz vum KapitÀn Haddock gehaasst, si ass awer zum Schluss ee vu sengen ontrennbare Begleeder ginn.
Originn
[Ànneren | Quelltext Ànneren]Den Hergé hat fréier eng Frëndin, d'Marie-Louise Van Cutsem, déi "Milou" genannt gouf.[3][4].
Eng Inspiratiounsquell fir den Hergé war de wÀisse Foxterrier an der BD Ric et Rac vum Pol Rab.[5]
Trivia
[Ànneren | Quelltext Ànneren]Am Ufank huet den Hond den Don fir ze schwÀtzen[6]. Dee Konzept gëtt duerch Gedanken an herno Biller ersat fir spéider komplett ewechzefalen.
Referenzen
[Quelltext Ă€nneren]- â Milou op tintin.com ArchivĂ©iert den 22.01.2018. Gekuckt den 09.01.2018.
- â AusschnĂ«tter wou de Milou drĂ©nkt
- â Farr 2001, p. 12.
- â Peeters 2006, p. 53.
- â Trente millions d'Amis, Ămission du 29 juillet 1978, TF1, HergĂ© Ă propos de milou, Datum: 29. Juli 1978
- â AusschnĂ«tt wou e schwĂ€tzt ArchivĂ©iert den 02.10.2017. Gekuckt den 09.01.2018.
