Pierre Biermann
| Dësen Artikel beschÀftegt sech mat dem lëtzebuergesche Professer, Schrëftsteller a Publizist Pierre Biermann. Fir den Architekt an Historiker (1842-1908), kuckt wgl. Jean-Pierre Biermann. |
| Dësen Artikel iwwer en Auteur ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir hÀerzlech invitéiert, aus dëse puer SÀtz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Pierre Biermann | |
|---|---|
| Gebuer |
8. Abrëll 1901 Gréiwemaacher |
| Gestuerwen |
19. September 1981 Lëtzebuerg |
| Alter | 80Â Joer |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Schrëftsteller, Publizist, Lycéesprofesser, Pedagog, Pazifist |
|
| |
De Pierre Biermann, gebuer den 8. Abrëll 1901 zu Gréiwemaacher, a gestuerwen den 19. September 1981 an der Stad Lëtzebuerg, war e Lëtzebuerger Professer, Schrëftsteller a Publizist. Hien huet och ënner follgend Pseudonyme geschriwwen: Peter Forsch, Thomas Scharff, N. Stich, Ernest Morning, Graukopf.
Liewen
[Ànneren | Quelltext Ànneren]
No senger PremiĂšre (1920) am Stater KollĂ©isch huet de Pierre Biermann Philologie a Philosophie zu LĂ«tzebuerg op de Cours supĂ©rieurs, an an DĂ€itschland studĂ©iert. Duerno huet hien als Enseignant am Landerziehungsheim Haubinda an ThĂŒringen geschafft.
No sengem Stage pédagogique am Stater Kolléisch an enger ZÀitchen am Dikrecher Kolléisch huet hien duerno bis zu senger Pensioun (1961) LatÀin, Philosophie a Geschicht am Stater Kolléisch enseignéiert. Am Kader vu sengem Stage hat hien eng Histoire de l'enseignement de philosophie au degré secondaire dans l'Université de France (1928; 90 S.) verfaasst.
1941, Ă«nner dem Nazi-Regime, gouf hien op DĂŒsseldorf versat, koum dat selwecht Joer an de Prisong zu TrĂ©ier, an duerno an d'Konzentratiounslageren zu Hinzert, Natzweiler a Buchenwald.
No der Liberatioun huet hien am Optrag vun der Regierung ee Joer zu Genf an der Ăcole internationale geschafft, dat en vue vun der Verbesserung vun der pedagogescher a moralescher Situatioun vun der krichsgeschiedegter LĂ«tzebuerger Jugend.
Publikatiounen (Auswiel)
[Ànneren | Quelltext Ànneren]A sengem autobiographeschen Text vun 1968 beschreift de Pierre Biermann sÀi Liewenswee vum antiklerikale FrÀidenkertum iwwer de liberalen Humanismus, den Antifaschismus a Kommunismus, bis zu sengem parteilosen Engagement fir d'VëlkerverstÀnnegung an déi reliéis Toleranz.
- 1935-1939: Geschichte des Mittelalters von Luxemburg aus gesehen. Luxembourg: Verlag der Cahiers luxembourgeois; Grevenmacher, G. Biermann-Schock, 2 BĂ€nn.
- 1939: So wurde der Papst. (ënner sengem Pseudonym Peter Forsch), Luxemburg: Sonderdruck der «Neuen Zeit», 38 S.
- 1945: Streiflichter aus Hinzert, Natzweiler und Buchenwald. Luxemburg: Verlag der «Volksstimme», Bourg-Bourger, 44 S. Cote BNL: LA 2589.
- 1968: Texte statt Memoiren. Ein Beitrag zur "Kulturgeschichte" Luxemburgs. Luxemburg: P. Biermann, 3 BÀnn. (net paginéiert)
- 1. Band: 1930-1940: Im kleriko-faschistischen Kreuzfeuer. Luxemburg, MĂ€rz 1968,
- 2. Band: 1940-1947: Resistenz und Nationale Union. Luxemburg, Mai 1968
- 3. Band: 1948-1956: Im Kalten Krieg. Luxemburg, Juli 1968
- 1978: Profangeschichte des Judentums. Ein Beitrag zur Ăberwindung des Rassenwahns und des Antisemitismus. Luxemburg: P. Biermann, Im Selbstverlag des Verfassers, Imprimerie Centrale, 205 S.
- 1978 (?): Menschenrechte, wie ich sie meine. RTL untersagt nachtrÀglich ein von RTL getÀtigtes Interview.
Illustratiounen
[Ă€nneren | Quelltext Ă€nneren]- BroschĂŒr vum Pierre Biermann iwwer sĂ€in Openthalt an drĂ€i KZen.
- Profangeschichte des Judentums. Ein Beitrag zur Ăberwindung des Rassenwahns und des Antisemitismus
Literatur
[Ànneren | Quelltext Ànneren]- Anonym, 1974 a 1975. GesprÀch mit Professor Biermann. In CLEC (Cercle de liaison des enseignants critiques), Bulletin d'information Nr. 4 (1974), S. 15-18; Nr. 5/6 (1975), S. 7-12.
- Gast Mannes, 1989. Das freie Wort. In Récré 5, S. 105-111.
- Gast Mannes, 2007. Biermann, Pierre. Cf. S. 56 in: Goetzinger, Germaine & Claude D. Conter, zesumme mat Gast Mannes, Pierre Marson, Roger Muller, Nicole Sahl, Sandra Schmit a Frank Wilhelm, 2007. Luxemburger Autorenlexikon. 687 S. Publications nationales du MinistÚre de la culture. Centre national de littérature, Mersch. ISBN 978-2-919903-06-1.
- Michel Raus, 1981. Ein GlÀubiger des Unglaubens. Erinnerungen an Professor Biermann. D'Lëtzebuerger Land 28 (1981), 40.
Kuckt och
[Ànneren | Quelltext Ànneren]Um Spaweck
[Ă€nneren | Quelltext Ă€nneren]|  Commons: Pierre Biermann â Biller, Videoen an Audiodateien |
