Winnetou


De Winnetou ass e fiktiven HÀuptling vun de Mescalero-Apachen, deen a ville Wëlle Weste-Romaner vum dÀitschen Erfollegsauteur Karl May virkënnt. E verkierpert de Personnage vun engem edlen, gudden Indianer, dee fir Gerechtegkeet a Fridde kÀmpft.
Geschichten
[Ànneren | Quelltext Ànneren]Nom Karl May senge Geschichte begéint den Ech-Erzieler Old Shatterhand (en Alter Ego vum Karl May) dem Winnetou, an no ursprénglech dramateschen Evenementer entsteet eng déif Frëndschaft tëscht deenen zwéin, a si gi souguer Bluttsbridder.
A sëllege Situatioune stelle se hir kÀmpferesch Talenter ënner Beweis, mÀ awer och hiert Matgefill mat hire Matmënschen. De Karl May zeechent e Bild vun der ugebuerener Guttheet vun der Mënschheet, déi awer ëmmer erëm vu béiswëllege Feinde bedreet gëtt. Net-dogmatesch chrëschtlech Gefiller a WÀerter spillen eng grouss Roll, an d'Helden an de Geschichte sinn dacks als DÀitschamerikaner beschriwwen.
De Winnetou gouf de Chef vum Vollek vun de Mescalero-Apachen (a vun den Apachen alleguer, d'Navajo abegraff), nodeem sÀi Papp Intschu tschuna a seng Schwëster Nscho-tschi vum wÀisse Bandit Santer ermuert goufen. Hien ass op sengem PÀerd Iltschi (Wand) geridden an en hat eng faméis Flënt, d'Sëlwerbéchs (eng duebelleefeg Flënt dÀr hire Kolwe mat sëlwere Beschléier dekoréiert war). Den Old Shatterhand ass um Iltschi sengem Brudder geridden, dem Hatatitla (Blëtz).
Dacks eng wichteg Roll spillen nach d'WestmÀnner Sam Hawkens, Dick Stone a Will Parker.
Texter mam Winnetou
[Ànneren | Quelltext Ànneren]Reeserzielungen
[Ànneren | Quelltext Ànneren]- Old Firehand (1875)
- Winnetou (1878, Titelheld Inn-nu-wo, der IndianerhÀuptling (1875) gëtt ersat)
- Im fernen Westen (1879, Beaarbechtung vun Old Firehand, spéider editéiert a Winnetou II)
- Deadly Dust (1880, spéider editéiert a Winnetou III')
- Die Both Shatters (1882)
- Ein Oelbrand (1882/83)
- Im »wilden Westen« Nordamerika's (1882/83, spéider editéiert a Winnetou III)
- Der Scout (1888/89, spéider editéiert a Winnetou II)
- Winnetou I (1893, zÀitweileg och Winnetou der Rote Gentleman I)
- Winnetou II (1893, zÀitweileg och Winnetou der Rote Gentleman II)
- Winnetou III (1893, zÀitweileg och Winnetou der Rote Gentleman III)
- Old Surehand I (1894)
- Old Surehand II (1895)
- Old Surehand III (1896)
- Satan und Ischariot I (1896)
- Satan und Ischariot II (1897)
- Satan und Ischariot III (1897)
- Gott lĂ€Ăt sich nicht spotten (an Auf fremden Pfaden, 1897)
- Ein Blizzard (an Auf fremden Pfaden, 1897)
- Mutterliebe (1897/98)
- âWeihnacht!â (1897)
- Winnetou IV (1910)
Jugenderzielungen
[Ànneren | Quelltext Ànneren]- Im fernen Westen (1879, Beaarbechtung vun Old Firehand)
- Unter der Windhose (1886, spéider och an Old Surehand II)
- Der Sohn des BÀrenjÀgers (1887, zanter 1890 an Die Helden des Westens)
- Der Geist des Llano estakado (1888, zanter 1890 an Die Helden des Westens)
- Der Schatz im Silbersee (1890/91)
- Der Oelprinz (1893/94, Buchausgaben vun 1905 u. d. T. Der Ălprinz)
- Der schwarze Mustang (1896/97)
Liwwerungsroman
[Ànneren | Quelltext Ànneren]- Auf der See gefangen (1878/79, och Auf hoher See gefangen)
Am Kader vun de Gesammelte Wierker daucht de Winnetou an engem weidere Band op: "Im Tal des Todes" (1934), eng Beaarbechtung vum Kolportageroman Deutsche Herzen â Deutsche Helden (1885â87).
Verfilmungen
[Ànneren | Quelltext Ànneren]Zanter den 1920er-Jore gouf et Versich fir de Winnetou-Stoff ze verfilmen.

Déi populÀerst waren awer déi aus den 1960er Joren. Si goufe "frÀi nom May" gedréint, d'Figur vum "Winnetou" gouf exklusiv vum Pierre Brice duergestallt an deelweis dÀitlech anescht ugeluecht wéi an de Romaner. De Kinosfilm "Winnetou" mat der Musik vum Martin Böttcher gouf no "Der Schatz im Silbersee" 1962 mat am erfollegrÀichsten. E reegelrechte Kult ëm d'Fimserie ass entstanen, souguer mat entspriechendem Merchandising. Spéider goufen déi Filmer eng sëllege Kéieren am Fernsee widderholl.
 Méi Informatiounen doriwwer am Artikel: Karl May Filmer.
Um Spaweck
[Ă€nneren | Quelltext Ă€nneren]|  Commons: Winnetou â Biller, Videoen an Audiodateien |
- De Winnetou am Figurelexikon vun der Karl-May-Gesellschaft
- Originaltexter vun de Romaner
- Winnetou-Artikel an der Karl-May-Wiki
- Lauschterspilldatebank zum Karl May (enthÀlt ë. a. eng Iwwersiicht iwwer all Vertoununge vum Stoff souwéi eng Lëscht vun alle MÀnner, déi jee de Winnetou an engem Lauschterspill geschwat hunn)