Op den Inhalt sprangen

CR356

Vu Wikipedia
CR356
Land: Lëtzebuerg
Direktioun:Vun Dikrech bis
an de Mëllerdall
VerlafUschloss
Dikrech N 14
Gilsdref Tirelbaach
CR 356A
Brouderbuer
Folkendenger
KrÀizung
CR 347 CR 356B
BrĂŒcherhaff
Iermsdref WĂ€iss Iernz
CR 358
CR 358
Suewelbuer CR 358
CR 358
Freckeisen
Chrëschtnech CR 128
Waldbëlleg CR 128
Mëllerdall CR 121
Schwaarz Iernz
CR 121
CR 118

Den CR356 ass e Chemin repris an de Kantonen Iechternach an Dikrech a geet vun Dikrech a sĂŒdĂ«stlecher Richtung bis an de MĂ«llerdall.

En huet sĂ€in Ufank an der KlĂ©ck op der N14 eng 50 Meter virun der SauerbrĂ©ck iwwer dĂ©i en dann a Richtung Gilsdref fĂ©iert. En heescht do Route de Gilsdorf'. Zu Gilsdref selwer bis op d'KrĂ€izung mat dem CR356A heescht e Rue Principale an duerno Route de Broderbour. Vun do aus fĂ©iert en op Brouderbuer, dann iwwer d'Folkendenger KrĂ€izung laanscht de BrĂŒcherhaff op Iermsdref. Do heescht e Rue de Gilsdorf bis op d'KrĂ€izung mat dem CR358, iwwer deen en dann eng ronn 100 Meter no Norde weiderleeft a Rue de Medernach heescht. Da bĂ©it e riets of an heescht da Rue de Savelborn. Et geet dann an e puer KrĂ©nkelen erop op de Plateau vu Suewelbuer laanscht de GrĂ©iwenhaff, bis op Suewelbuer, wou en erĂ«m den CR358 krĂ€izt an och eng 150 Meter mat deem zesummen ass.

E féiert da weider op Freckeisen wou e virdrun op der Héicht vum Kelleschhaff duerch d'Quellgebitt vun der Halerbaach féiert. Zu Chrëschtnech wou e Rue Bierg an Um Lahr heescht, begéint en am Norde vun der Uertschaft op engem Rond-point dem CR128 mat deem en zesummen op Waldbëlleg féiert. Do heescht e Rue Hentges bis op KrÀizung wou den CR128 op Haler ofbéit, an duerno heescht en a Richtung Mëllerdall Rue Michel Rodange.

Am Mëllerdall krÀizt en den CR121 op deem en eng ronn 100 Meter weiderféiert fir da laanscht d'Konsdrëffer Baach weider ze féieren an op der Hallschent tëscht dem Mëllerdall an der Konsdrëffer Millen op den CR118 ze kommen.

Den CR356 ass ronn 19,5 km laang.

Den CR356 vum Kelleschhaff a Richtung Freckeisen gesinn