Folscht
Ausgesinn
| Folscht Foulscht | |
|---|---|
|
Vue op Folscht vu Rammerech aus (2008) | |
| Aussprooch | |
| An anere Sproochen |
fr: Folschette de: Folscheid |
| Land | Lëtzebuerg |
| Kanton | Réiden |
| Gemeng |
|
| Buergermeeschter | Myriam Binck (CSV) |
| Awunner | 318[1] |
| 01.01.2014 | |
| Fläch | 8 km² |
| Héicht | 414 m |
| Koordinaten |
49° 48’ 53’’ N 05° 52’ 25’’ O |
|
| |
|
| |
Folscht (lokal: Foulscht[2]) ass eng Uertschaft an der Gemeng Rammerech.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]Folscht läit tëscht Hueschtert am Südwesten, Proz am Südosten, Éischt am Nordosten a Rammerech am Nordwesten.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Vum 1. Januar 1979 un ass d'Gemeng Folscht duerch d'Gesetz vum 27. Juli 1978 iwwer d'Fusioun vun de Gemengen Ueschdref, Bungeref a Pärel an d'Fusiounsgemeng Rammerech agegliddert ginn.
Fréier Gemeng Folscht
[änneren | Quelltext änneren]Bis den 31. Dezember 1978 war Folscht den Haaptuert vun der Gemeng Folscht, an där d'Dierfer Folscht, Hueschtert, Éischt a Rammerech regruppéiert waren.
Uertschaften a Lieu-diten an der fréierer Gemeng
[änneren | Quelltext änneren]- Uertschaften an der fréierer Gemeng:
- Éischt
- Folscht
- Hueschtert
- Rammerech
- Kietscht
- Schwiddelbruch
- Lieu-diten an der fréierer Gemeng:
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]- Kierch vu Folscht
- Op 46 an der Rue Principale steet d'Gebuertshaus vum Nic Scholer, de Grënner vun de "Grands Magasins Monopol Scholer".
- D'Grott am Bësch, e klengen Altor, deen aus dem Zweete Weltkrich staamt.
Veräinsliewen
[änneren | Quelltext änneren]- Chorale Folschette
- DT Hueschtert-Folscht
- Fanfare Union Folschette ASBL
- Folschter Bëschflitzer
- Folschter Keelegecken 05
- Foulschter Theaterkäpp
- Fraen aus der Par Folscht
- Gaart an Heem (Ligue Luxembourgeoise du Coin de Terre et du Foyer), Sektioun Folscht - Hueschtert - Éischt
- Jongen a Meedercher vu Folscht, Hueschtert an Éischt
- Union Sportive Folschette ASBL
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Folscht – Biller, Videoen an Audiodateien |
- Websäit vun der Gemeng Rammerech
- Mémorial A n° 46 vum 1. August 1978 betreffend d'Fusioun vun de Gemengen Ueschdref, Bungeref, Folscht a Pärel
- Wou der Däiwel ass...? Folscht: Irina Figut, Ein "Kouduerf" und tiefe Provinz? Die Folscheider haben mehr zu bieten, wort.lu [€], 01.09.2024, gekuckt den 28.10.2025
Referenzen
[änneren | Quelltext änneren]- ↑ Websäit vun der Gemeng
- ↑ Lëscht vun den Uertschaften a Lieu-diten zu Lëtzebuerg. CPLL - Conseil permanent de la langue luxembourgeoise Archivéiert den 11.08.2020. Gekuckt de 14.06.2020.

