Malcolm Roberts
| Malcolm Roberts | |
|---|---|
| Gebuer |
31. MĂ€erz 1944 Manchester |
| Gestuerwen | 7. Februar 2003 |
| Alter | 58Â Joer |
| Doudesursaach | HĂ€erzschlag |
| Nationalitéit | Vereenegt KinnekrÀich |
| Aktivitéit | SÀnger |
|
| |
De Malcolm Roberts, gebuer den 31. MĂ€erz 1944 zu Manchester, a gestuerwen de 7. Februar 2003 zu Addlestone, war e brittesche SĂ€nger.
An den 1960er Jore war de Malcolm Roberts als Schauspiller a Musicalduersteller aktiv. Hien huet Haaptrollen an de Musicals West Side Story a Maggie May gespillt. Seng Ă©ischt Single, Time Alone Will Tell vun 1967 ass an d'UK-Charts komm. Och d'Lidder May I have the next dream with you (1968) a virun allem Love is All (1969) sinn Hitte ginn. Mat Love is All hat en 1969 e formidabelen OptrĂ«tt beim Festival International de Canção zu Rio de Janeiro. Weider OptrĂ«tt an Nord- a SĂŒdamerika waren d'Folleg dovun.
Hien huet Lëtzebuerg als Deel vun engem Sextett beim Eurovision Song Contest 1985 zu Göteborg vertrueden. Mam franséische Lidd "Children, Kinder, enfants" koum d'Grupp mat 37 Punkten op déi 13. Plaz.[1]
1991 huet e bei der brittescher Virentscheedung vum Grand Prix Eurovision mat engem selwer geschriwwene Lidd One Love matgemaach ouni awer selektionéiert ze ginn.
De Malcolm Roberts ass 2003 duerch en Herzinfarkt no bei sengem Wunnuert gestuerwen.
Kuckt och
[Ànneren | Quelltext Ànneren]Um Spaweck
[Ànneren | Quelltext Ànneren]- Malcolm Roberts bei Discogs
- Biographie bei menmedia.co.uk
